1 / 15

Europäesch Associatioun fir d’Testen an d’Bewäerte vu Sproochen

Europäesch Associatioun fir d’Testen an d’Bewäerte vu Sproochen. www.ealta.eu.org. Haaptzil vun EALTA. Den Zweck vun EALTA besteet doranner, d’Verstoe vu Sproochentester- a Bewäertungstheorien, souwéi d’Verbesseren an den Austosch vun Test- a Bewäertungsmethoden a ganz Europa ze förderen.

verne
Download Presentation

Europäesch Associatioun fir d’Testen an d’Bewäerte vu Sproochen

An Image/Link below is provided (as is) to download presentation Download Policy: Content on the Website is provided to you AS IS for your information and personal use and may not be sold / licensed / shared on other websites without getting consent from its author. Content is provided to you AS IS for your information and personal use only. Download presentation by click this link. While downloading, if for some reason you are not able to download a presentation, the publisher may have deleted the file from their server. During download, if you can't get a presentation, the file might be deleted by the publisher.

E N D

Presentation Transcript


  1. Europäesch Associatioun fir d’Testen an d’Bewäerte vu Sproochen www.ealta.eu.org

  2. Haaptzil vun EALTA Den Zweck vun EALTA besteet doranner, d’Verstoe vu Sproochentester- a Bewäertungstheorien, souwéi d’Verbesseren an den Austosch vun Test- a Bewäertungsmethoden a ganz Europa ze förderen.

  3. EALTA Riichtlinne fir gutt Methoden an Tester a Bewäertungen haaptsächlech un 3 verschidden Zilgruppen: déijéineg déi • formation continue fir Léierpersonal am Beräich vun Tester a Bewäertung ubidden • selwer an der Klass testen a bewäerten • Tester an nationalen Zentren oder Institutiounen ausschaffen

  4. Verschidden allgemeng Regelen gëlle fir all dës Zilgruppen: Respekt virun de Studenten / ExamenskandidatenResponsabilitéit Fairness Zouverlässegkeet Validitéit Gutt Zesummenaarbecht mat alle Partner

  5. EALTA Riichtlinne fir gutt Préiwen a Bewäerte vu Sproochen

  6. EALTA-Memberen, déi u Formation initiale a continue iwwer Tester a Bewäertung fir Léierpersonal bedeelegt sinn, solle sëch selwer an och denen anere Betraffen (Enseignanten, Stagiairen, déijéineg déi Léierprogrammer opstellen) folgend Froe stellen:

  7. Beispiller • Wéi wichteg ass d’Formatioun am Bewäerte fir déi, di forméiert ginn? • Wéi klor sinn d’Prinzipien vum Testen a Bewäerten (Validitéit, Zouverlässegkeet, Fairness, Afloss vun Tester op Léiermethoden) dem reelle Kontext vum Enseignant ugepasst? • Wéi sinn Theorie a Praxis an der Formatioun openeen ofgestëmmt? • A wéi engem Mooss sinn d’Enseignanten um Ausschaffen, Experimentéieren an Evaluéieren vu Bewäertungsprozedure bedeelegt?

  8. EALTA Memberen, déi hir eege Klassen testen a bewäerten, solle fir sech selwer an och di aner Betraffen (besonnesch d’Schüler / Studenten an och sou wäit wéi méiglech d’Elteren) folgendes kloerstellen:

  9. Beispiller • Wat ass den Zweck vun der Bewäertung? • A wéi wäit sinn d’Bewäertungsprozedure fir d’Schüler gëeegent? • Wéi gëtt séchergestallt dass d’Resultater vun der Bewäertung richteg a gerecht sinn? • A wéi wäit gëtt de Schüler hir Meenung iwwert d’Bewäertungsprozeduren considéréiert? • Wat gëtt ënnerholl, fir d’Léieren ze verbesseren? • What Wat fir e Feedback kréien d’Schüler?

  10. EALTA Memberen déi um Ausschaffe vun Tester bedeelegt sinn, wäerte sech an déi verschidde Betraffen (Enseignanten, Schüler, den allgemenge Public) genee informéieren an Äntwerten op di hei Froe sichen:

  11. Ausserdem sollen d’Testentwéckler den Dialog siche mat dene Leit, déi an hiren Institutiounen oder Ministèren d’Décisiounen huelen, fir sécher ze stellen dass déijéineg souwuel iwwer déi gutt wéi och déi schlecht Säite vun dëser Arbecht Bescheed wëssen, am Sënn vun enger qualitativer Verbesserung vum Bewäertungssystem a vun der Bewäertungspraxis.

  12. Beispiller • Wéi kloer ass den Zweck vun den Tester definéiert? • Hunn d’Produzente vun Tester an Item’en déi néideg Erfarung am Enseignéieren, déi et hinnen erlaabt, den Niveau bei hirer Bewäertung richteg anzeschätzen? • Wat fir eng Formatioun hunn d’Produzente vun Tester an Itemen? • Ginn d’Tester ausprobéiert? • Ginn d’Marqueuren virun all Test forméiert?

  13. Beispiller • Ass en duebele Marquage fir subjektiv verbessert Tester virgesinn? • Wat fir en Feedback-Effet huet enTest? • Wat fir eng Prozedure si virgesinn, dass den Test Ännerungen am Léierplang Rechnung dréit? • Gëtt den Testniveau no deene vum Cadre européen definéiert? • Mat wellechen Argumenter gëtt dësen Niveau garantéiert?

  14. Sproochen, an déi et d’EALTA-Richtlinne bis Januar 2007 iwwersat goufen • Georgesch • Däitsch • Griechesch • Ungaresch • Italienesch • Lettesch • Lëtzebuergesch • Lithauesch • Norwegesch • Armenesch • Bulgaresch • Catalanesch • Tschechesch • Dänesch • Hollännesch • Englesch (UK) • Estlännesch • Finnesch • Franséisch • Polnesch • Rumänesch • Russesch • Slovenesch • Spuenesch • Schwedesch • Türkesch

  15. Internetadress fir di komplett EALTA Riichtlinne fir gutt Préiwen a Bewäerte vu Sproochen: www.ealta.eu.org

More Related