80 likes | 221 Views
GREEN SCHOULSAK. Workshop Clever Akafen – Hosingen 28. Abrëll 2011 – Petra Matthes an Magali Paulus – Greenpeace. Den Projet « Green Schoulsak ». Ugefaangen 2010
E N D
GREEN SCHOULSAK Workshop Clever Akafen – Hosingen 28. Abrëll 2011 – Petra Matthes an Magali Paulus – Greenpeace
Den Projet « Green Schoulsak » • Ugefaangen 2010 • Sammelbestellungen fir Klassen/ Schoulen déi d’Besoinen vum Léierpersonal, d’Qualitéit vum Material an strikt ecologesch Kriterien respektéieren • Vum Bleistëft an Heft bis zur Schiefertafel an Zierkel
Resultater 2010 • 5 Schoulen • 8 Klassen • 3.200 Furnituren bestallt (515 Hefter, 456 Gummien, 334 Linealen, 285 Bleistëfter) • Zefriddenheet vum Léierpersonal mat der Qualitéit vum Material • E puer Quaken mat der Logistik
Objektiver 2011 • 20-25 Schoulen • 20-30 Klassen • 8.000-12.000 Furnituren • Bestehend Qualitéit • Verbessert Logistik • Ugepasst un d’Besoinen vun Léierpersonal, Kanner an Elteren • Letzebuergesch Fournisseuren matanbezéien • Presentatiounen, Expoen, Filmer… fir déi Schoulen déi mam Projet matschaffen
Virdeeler • En Engagement vun der Gemeng an der Schoul an enger pedagogesch nohalteger Demarche. • Sensibiliséieren vun den Elteren an den Kanner fir eng méi responsabel Consommatioun. • Schiedlech Effekter vum Schoulmaterial op d’Gesondheet an d’Emwelt limitéieren. • Onnetz Familienkäschten fir Marketingproduiten évitéieren an den Kaf vun zolitem, nohaltegem an méi oft benotzbarem Material favoriséieren. • Garantéieren dass all Schüler zolit, gesond an un dem Léierpersonal hir Attenten ungepasst Material hun. • Sozial Stigmatisatioun vun Schüler aus méi einfachem Milieu limitéieren. • Eng Garantie vun Greenpeace ausgeschafften, strikten ecologeschen Kriterien.
Regelen • Verbetzen évitéieren: kaft nemmen dat néidegt an mir roden iech dat Material dat nach fonktionnéiert weiderzebenotzen. • Robust Furnituren wielen: mir privilegiéieren Material dat en ganzt Joer oder méi hält. • Rechargeabel Produiten wielen: Offall reduzéieren ass essenziel an enger ecologescher Demarche; mir évitéieren eweggeheibart Material an privilegiéieren emmer déi rechargeable Alternativ. • Gesond an propper Poduiten wielen: keen vun den vun Greenpeace recommandéiert Produiten huet toxesch Sustanzen. • Produiten aus recycléiertem Material an vun einfacher Zesummenstellung wielen: déi vun Greenpeace recommandéiert Produiten erhalen natiirlech Ressourcen, spueren Waasser an Energie.
Wéi kann ech matmaachen? • Greenpeace kontaktéieren an d’2011-Lescht fir meng Klass/ Schoul schecken (am beschten virun der Pëngschtvakanz) • Aner Enseignanten vum Projet erzielen an iwwerzeegen an Greenpeace fir eng Presentatioun vum Projet an meng Schoul/ Gemeng alueden • D’Kanner an d’Elteren informéieren (zesummen mat Greenpeace) • En langfristegen Choix fir meng Klass/ Schoul maachen
MERCI!Mir freen eis op ären Interessi… … kontaktéiert eis ! - Iwwer e-mail Petra : pmatthes@greenpeace.org Magali : mpaulus@greenpeace.org - Iwwer Telefon 54 62 52 29 - Iwwer Post BP 229, L-4003 Esch/Alzette