1 / 15

D‘Bootscourse

D‘Bootscourse. De lëtzebuerger Staat haat d’Iddi fir eng lëtzebuerger Ruderéquipe mat 8 Mann bei den olympesche Spiller an d’Course ze schécken. An der éischter Course heescht de Géigner Japan. ARRIVÉE.

shepry
Download Presentation

D‘Bootscourse

An Image/Link below is provided (as is) to download presentation Download Policy: Content on the Website is provided to you AS IS for your information and personal use and may not be sold / licensed / shared on other websites without getting consent from its author. Content is provided to you AS IS for your information and personal use only. Download presentation by click this link. While downloading, if for some reason you are not able to download a presentation, the publisher may have deleted the file from their server. During download, if you can't get a presentation, the file might be deleted by the publisher.

E N D

Presentation Transcript


  1. D‘Bootscourse

  2. De lëtzebuerger Staat haat d’Iddi fir eng lëtzebuerger Ruderéquipe mat 8 Mann bei den olympesche Spiller an d’Course ze schécken.

  3. An der éischter Course heescht de Géigner Japan.

  4. ARRIVÉE All Equipe huet haart trainéiert an den Daag vun der Course sinn se all an Top-Form. Mee d’Japaner hunn mat engem Kilometer Avance gewonnen !

  5. No dëser Défaite wor d’Moral vun der lëtzebuerger Equipe um Nullpunkt. D’Regiirung huet décidéiert dass Lëtzebuerg bei de nächste Spiller misst gewannen an huet en Aarbechtsgroupe an d’Liewe geruff.

  6. No laangem Schaffen huet den Aarbechtsgroupe erausfonnt, dass d’Japaner 7 Ruderer an 1 Kapitän haaten.

  7. Mee d’lëtzebuerger Equipe haat 1 Ruderer a 7 Kapitänen.

  8. Fir der Crise entgéint ze wierken huet d’Regiirung séier réagéiert an eng Consulting-Firma beoptragt fir d’Struktur vun der lëtzebuerger Equipe ze analyséieren.

  9. No laange Méint sinn d’Expert’en zur Conclusioun komm, dass an der lëtzebuerger Equipe zevill Kapitäne wieren a nët genuch Ruderer. Op Basis vun dësem Rapport gouf dunn décidéiert d’Struktur vun der lëtzebuerger Equipe ze änneren.

  10. An Zukunft sollte just nach 4 Kapitänen derbäi sinn, 2 Supervisers, 1 chef d’équipe an 1 Ruderer. Ausserdem goufen eng Rëtsch vu Mesure geholl fir de Ruderer ze motivéieren a fir him ze soën wéi wichteg dach séng Aarbecht wier.

  11. ARRIVÉE Bei de nächsten olympesche Spille hunn d’Japaner mat 2 Kilometer Avance gewonn.

  12. D’lëtzebuerger Verantwortlech goufen dunn dem Ruderer d’Schold fir déi lamentabel Resultater an déi schlecht Aarbecht.

  13. Mee et goufe weiderhinn déck Salairen un d’Kommandanten ausbezuelt, hinnen Gehaltserhéigungen versprach an säftech Pensiounen garantéiert.

  14. De Ruderer allerdéngs kruut keng Garantie fir säi Salaire. Keng Gehaltserhéigung. Keng garantéiert Pensioun. Neen ! Säi Gehalt wier jo schlieeslech oofhängeg vu sénge Resultater bei de Coursen ... während deenen hien säin eegent Gewiicht an daat vun de 7 aaneren muss zéien !

  15. Moralitéit Mat engem Verhältnës vun 7 zu 1 tëschent de Kommandanten an deenen déi d’Boot zéien, gewënnt ee secher keng Course. Mee: 7 zu 1 ass d’Verhältnës tëschent de Staatsbeamten an den Indépendant’en zu Lëtzebuerg ! Kuck d’Presentatioun nach eng Kéier. Du wärts se mat engem aaneren Bléck gesinn.

More Related