1 / 14

Weider Informatiounen: Tel 691 998813 (Marc Mathay) oder dark-sky@aal.lu

Wéi k ë nne mer d`Liichtverschmotzung an de Gr ëff kréien , den Ubléck vum Stärenhimmel erhalen an dobäi Energie an CO 2 aspueren ? KUERZFASSUNG.

marv
Download Presentation

Weider Informatiounen: Tel 691 998813 (Marc Mathay) oder dark-sky@aal.lu

An Image/Link below is provided (as is) to download presentation Download Policy: Content on the Website is provided to you AS IS for your information and personal use and may not be sold / licensed / shared on other websites without getting consent from its author. Content is provided to you AS IS for your information and personal use only. Download presentation by click this link. While downloading, if for some reason you are not able to download a presentation, the publisher may have deleted the file from their server. During download, if you can't get a presentation, the file might be deleted by the publisher.

E N D

Presentation Transcript


  1. Wéi kënne mer d`Liichtverschmotzung an de Grëff kréien, den Ubléck vum Stärenhimmel erhalen an dobäi Energie an CO2 aspueren ? • KUERZFASSUNG EDITORIAL : Astronomes Amateurs du Luxembourg (www.aal.lu) Association pour la Sauvegarde du Ciel et de l’Environnement Nocturnes (www.astrosurf.com/pollution) Weider Informatiounen: Tel 691 998813 (Marc Mathay) oder dark-sky@aal.lu

  2. Wat versteet een ënner Liichtverschmotzung ?

  3. Ursaachen: Schlecht adaptéiert Beliichtung Schlecht Beliichtung verstäerkt de Phänomen, wann se:  schlecht ausgeriicht ass (Beliichtung iwwer dee gewënschte Beräich eraus)  Iwwerdriwe staark ass  Schlecht ausgeluecht ass (liichten no uewen a schlecht op de Buedem)  Einfach onnëtz ass

  4. Folge vu schlechter Beliichtung Blendung, onerwënschte Liichtafall an Impakt op de Mënsch Foussgänger an Autofuerer gi geblend,  dëst ass ee Sëcherheetsproblem, well durch d`Blendung Geforen iwersi kënne ginn.  Blendung  Onerwënschte Liichtafall Onerwënschte Liichtafall forcéiert eis, d`Fënsteren ze verdonkelen, fir e gesonde Schlof ze fannen. Dem Mënsch säin Organismus ass op den Hell-Donkel Rhyhtmus ugewisen; hie brauch Erhuelungsphasen ouni Liichtstress.

  5. Verloscht vun engem grandiosen Naturschauspill Dee gläiche Koméit a staark liichtverschmotztem Himmel Koméit Ikeya-Zhang 2002 Ongestéiert Beobachtunge sinn net méi méiglech . Während an no der Stroumpann vum 14. August 2003 am N-O vun den USA. Waat een Ënnerscheed ! ? « Wei wichtig e Verloscht ass, stellt een dacks eréischt da fest, wann et ze spéit ass ! » De Koméit Donati 1858 iwwer Paräis

  6. Afloss op d`Ëmwelt D`Liewensraim vu nuetsaktiven Deieren ginn verluer. D`Zuchvigel ginn irritéiert. Duerch d`Beliichtung vun de Kierchen, Gebaier a Fielse ginn d`Fliedermais an d’Eile verdriwen.

  7. Verschwendung vun Energie 20 bis 50 % vum Liicht geet verluer nach däitlech méi Verloscht bei de « Kugelluuchten » Stroossen, Parkplazen, Monumenter, Parken, Geschäfter, Industrien an Haiser sinn dacks déi ganz Nuecht beliicht. Zu wéi engem Zweck ?

  8. D`Liichtverschmotzung am Benelux / Evolutioun 1992-2002 > 2.700 % De 900 à 2.700 % De 300 à 900 % De 100 à 300 % Eis Dierfer, Stied an Stroosse si staark beliicht  de Benelux ass mat am schlëmmsten an Europa an op der Welt vun der Liichtverschmotzung betraff . Kënschtlecht Liicht am Verglach zum natiirlechen Zoustand: Evolutioun 1992-2002 Och a Lëtzebuerg gëtt et quasi keng Plaze méi, wou een de Stärenhimmel nach ongestéiert bewonnere kann. 1997 1992 2002 Vill vun eise Kanner wëssen net, wat d`Mëllechstrooss ass, einfach well si se nach ni gesinn hunn !

  9. Technesch Léisunge sinn do: Setze mer ofgeschiirmte Luuchte mat flaachem Glasbuedem an, déi nëmmen dohi liichten, wou et gebraucht gëtt. Beliichte mer, wann iwerhaapt néideg, vun uewen no ënnen an net ëmgedréit. En duerchduechten Asaz vu Luuchte ka gewënschte Beräicher besser beliichten an d`Blendung verhënneren.

  10. Fir d`Liichtemissioun no uewen, an d`Liichtstreeung kleng ze halen ass den Asaz vun Luuchtentypen « Full cut off » mat flaachen Ofschlossglieser (op Däitsch: Flachglas-Leuchtenwanne) onbedéngt ugeroden. • Méi effizient Beliichtung. • D’Liichtmëttel ass verdeckt. • Verréngert Blendung an onerwënschte Liichtafall. • Beliicht d`Strooss an net den Himmel. D`Flutliichter op der rietser Säit sinn ersat ginn duerch Straler vum Typ « Full Cut Off ».

  11. Op de Stroosse loossen sech Reflex-Signalisatiounen asetzen, dei keng lafend Käschte verursaachen. Amplaz déi ganz Nuecht ze beliichten, si Bewegungsmelder e Mëttel, fir Energie a Luucht anzespueren. Beispill vun enger Reduzéierung vu 60% no der Owesaktivitéit. D`Beliichtung kann den Aktivitéitszäiten ugepasst ginn.

  12. Aspuere vun Energie an CO2 Eis Stroosseluuchte brennen 4050 Stonnen /Joer. -> an der Moyenne 11,1 Stonnen den Dag ! Kënne mir eis et viru leeschten (a punkto Energie an CO2) eis Beliichtungen an engem Stéck brennen ze loossen, an Zäite wou quasi keen Trafic ass ? Letzebuerg läit aktuell 31% iwwer sengem Engagement vun Kyoto, domat si mir hanner Spuenien dat Land mat deem schlechteste Resultat !

  13. Beliichtung a Sécherheet Kriminalitéit An den USA huet den Department of Justice 1977 eng Enquête bei 60 Beliichtungsprojeten durchgefouert:  « keng statistesch signifikativ Korrelatioun zwëschent dem Beliichtungszoustand an der Kriminalitéit.» Verkéierssecherheet Eis belsch Nopere si sécherlech Weltmeeschter a Saache Stroossebeliichtung, mee sinn hir Stroossen doduerch nuets méi sécher ? Rapport vum Ministère de l’Equipement et des Transports (Belgique 2002) : « l'éclairage le long des autoroutes n'apporte pas un plus en matière de sécurité routière »

  14. Fir méi Informatiounen -> Vollversioun (op desem CD). Mir soen eise Partner Merci: Enn Weider Informatiounen: Tel 691 998813 (Marc Mathay) oder dark-sky@aal.lu

More Related